Informatiounen zu Cookien:
Fir dës Informatiounen iwwer Cookië permanent auszeblennen, klickt op OK.
1. Ëmfang vun der Leeschtung
1.1 Fir den Ëmfang vun der Leeschtung gëllen, wann näischt anescht schrëftlech ausgemaach ass, déi folgend Bedéngungen.
1.2 Den Optraggiewer verpflicht sech, matzedeelen, woufir en d'Iwwersetzung verwenne wëll, z. B. ob se
1.2.1 nëmmen der Informatioun,
1.2.2 der Verëffentlechung a Reklamm,
1.2.3 fir rechtlech Zwecker oder Patentverfahren,
1.2.4 oder iergendengem aneren Zweck dénge soll, bei deem eng besonnesch Iwwersetzung vun den Texter duerch deen domat befaassten Iwwersetzer vu Bedeitung ass.
1.3 Den Optraggiewer däerf d'Iwwersetzung nëmmen zum uginnen Zweck verwennen. Fir de Fall, datt den Optraggiewer d'Iwwersetzung fir en aneren Zweck verwennt, wéi deen, fir dee se an Optrag ginn a geliwwert gouf, huet den Optraggiewer kengerlee Uspréch op Schuedensersaz géint den Iwwersetzungsbüro, an der Folleg Optraghueler genannt.
1.4 Gëtt den Zweck vun enger Iwwersetzung dem Optraghueler net bekanntginn, sou huet den Optraghueler d'Iwwersetzung no sengem beschte Wëssen zum Zweck vun der Informatioun (kuck Punkt 1.2.1) auszeféieren.
1.5 Iwwersetzunge si vum Optraghueler, sou näischt anescht ausgemaach ass, an einfacher Ausfäerdegung a maschineschrëftlecher Form op Pabeier am Format A4 virzeleeën.
1.6 Ass näischt anescht ausgemaach, sou gëlle fir d'formal Gestaltung d'Regelunge vu Punkt 6.3 vun der DIN 2345 ("Iwwersetzungsoptreeg").
1.7 Souwäit den Optraggiewer d'Verwennung vun enger bestëmmter Terminologie wënscht, muss e se dem Optraghueler bei gläichzäiteger Iwwermëttlung vun den erfuerderlechen Ënnerlagen dofir, bekanntginn. Dëst gëllt och fir Sproochvarianten.
1.8 Déi fachlech a sproochlech Richtegkeet vum Ausgangstext fält ausschliisslech an d'Verantwortlechkeet vum Optraggiewer.
1.9 Den Optraghueler huet d'Recht, den Optrag u gläich qualifizéiert Drëtter weiderzeginn. An dësem Fall bleift en awer ausschliisslechen Optraghueler.
1.10 Den Numm vum Optraghueler däerf nëmmen dann der verëffentlechter Iwwersetzung beigefügt ginn, wann de gesamten Text vun dësem iwwersat gouf bzw. wa keng Verännerunge vorgeholl goufen, zu deenen den Optraghueler net seng Zoustëmmung ginn huet.
2. Honorarer
2.1 D'Honorarer (Präisser) fir Iwwersetzunge bestëmme sech geméiss den Tariffer (Präislëschten) vun Optraghueler, déi fir déi jeeweileg besonnesch Aart vun der Iwwersetzung unzewenne sinn.
Iwwersetzunge ginn no Wuertunzuel vum Ausgangstext berechent. Als Mindestpräis gëtt ee mam Client ausgemaachte Präis a Rechnung gestallt.
2.2 Leeschtungen, déi un Opwand d'Rumm vun enger einfacher Textveraarbechtung iwwerschreiden, ginn no Ausmaachung verrechent (z. B. Virlage ginn a speziellen Dateiformater geliwwert; eng besonnesch grafesch Form, déi eege Software erfuerdert, gëtt vum Optraggiewer verlaangt).
2.3 Ass näischt anescht ausgemaach, sou bilt den Ausgangstext (Resultat vum Iwwersetzen) d'Berechnungsbasis.
2.4 Gouf en Devis ofginn, sou gëllt dësen nëmmen dann, wann e schrëftlech erfollegt ass.
2.4.1 Aner Devisë gëllen nëmmen als onverbindliche Riichtlinn.
2.4.2 Den Devis gëtt no beschtem Fachwëssen erstallt, et kann awer keng Garantie fir d'Richtegkeet iwwerholl ginn. Sollte sech no Optragserdeelung Käschtenerhéijungen am Ausmooss vun iwwer 15 % erginn, sou muss den Optraghueler den Optraggiewer dovunner onverzüglech verstännegen. Handelt et sech ëm onvermeidlech Käschteniwwerschreidunge bis 15 %, ass eng gesonnert Verstännegung net erfuerderlech a kënnen dës Käschten ouni weideres a Rechnung gestallt ginn.
2.5 Devisen, déi ouni Asiicht an d'Iwwersetzungsënnerlagen ofgi ginn, gëllen nëmmen als onverbindleche Riichtlinn. Den Optraggiewer ass och ouni Informatioun geméiss Punkt 2.4.2 verpflicht, souwäit vum Optraghueler keen neien Devis erstallt gëtt, déi tatsächlech Käschte vun der Iwwersetzung geméiss Punkt 2.1 ze bezuelen.
2.6 Souwäit näischt anescht ausgemaach ass, kënnen Optragsännerungen oder Zusazoptreeg zu ugemiessene Präisser a Rechnung gestallt ginn.
2.7 Kollektivvertraglech Loun- bzw. Gehaltserhéijunge berechtegen den Optraghueler zur nodréiglecher Präiskorrektur.
2.8 Et gëllt Wäertbestännegkeet vun der Fuerderung samt Niewefuerderungen. Als Mooss vun der Berechnung vun der Wäertbestännegkeet déngt dee vum Éisterräichesche Statistischen Zentralamt méintlech verlautbaarte Verbraucherspreisindex oder ee u seng Plaz triedenden Index. Als Bezuchsgréisst déngt déi fir de Mount vum Vertragsofschloss errechent Indexzuel. Schwankunge vun der Indexzuel no uewen oder ënne bis ausschliisslech 2,5 % bleiwen onberécksichtegt. Dëse Spillraum ass bei jiddwer Iwwerschreiden no uewen oder ënnen nei ze berechnen, wobäi ëmmer déi éischt ausserhalb vum jeeweileg gëltege Spillraum geleeën Indexzuel d'Grondlag souwuel fir d'Neifestsetzung vum Fuerderungsbetrag wéi och fir d'Berechnung vum neie Spillraum zu bilden huet. Déi sech sou ergi Betreeg sinn op eng Dezimalstell opzeronnen.
2.9 Fir d'Iwwerpréiwung vu Friemiwwersetzunge kann dat vollt Honorar vun enger Éischtiwwersetzung a Rechnung gestallt ginn.
2.10 Fir Express- oder Weekendsaarbechte kënnen ugemiessen Zouschléi verrechent ginn.
3. Liwwerung
3.1 Hisiichtlech der Frist fir d'Liwwerung vun der Iwwersetzung sinn déi béidersäiteg schrëftlech Erklärunge moossgiewend. Ass de Liwwerdatum e wiesentleche Bestanddeel vum dem vum Optraghueler ugehollenen Optrag, sou huet den Optraggiewer dëst am Viraus ausdrécklech bekanntzeginn.
Viraussetzung fir d'Anhale vun der Liwwerfrist ass de rechtzäitegen Agank vu sämtleche vum Optraggiewer ze liwwerenden Ënnerlagen am uginnen Ëmfang (z. B. Ausgangstexter an all erfuerderlech Hannergrondsinformatiounen) souwéi d'Anhale vun den ausgemaachte Bezuelungsbedéngungen an anere Verpflichtungen.
Ginn dës Viraussetzungen net matzäiten erfëllt, sou verlängert sech d'Liwwerfrist entspriechend.
3.2 D'Netanhale vun der Liwwerfrist berechtegt den Optraggiewer nëmmen dann zum Récktrëtt vum Vertrag, wann d'Liwwerfrist als fix ausdrécklech ausgemaach gouf (kuck Punkt 3.1 éischten Ofsaz) an den Optraggiewer all Viraussetzunge vum Punkt 3.1 zweeten Ofsaz erfëllt huet. Schuedensersazanspréch vum Optraggiewer sinn ausgeschloss, dovun ausgeholl si virsätzlech oder graff fahrlässeg verscholt Schied.
3.3 Wann näischt anescht ausgemaach ass, erfollegt d'Liwwerung um Postwee.
3.4 Déi mat der Liwwerung (Iwwermëttlung) verbonne Geforen dréit den Optraggiewer.
3.5 Ass näischt anescht ausgemaach, sou verbleiwen déi vum Optraggiewer dem Optraghueler zur Verfügung gestallt Ënnerlagen no Ofschloss vum Iwwersetzungsoptrag beim Optraghueler. Dësen huet keng Verpflichtung zur Opbeworung oder anerem Ëmgang domat. Den Optraghueler huet awer dofir ze suergen, datt dës Ënnerlagen net vertragswiddreg verwennt kënne ginn.
4. Héijer Gewalt
4.1 Fir de Fall vun héijer Gewalt huet den Optraghueler den Optraggiewer onverzüglech ze benoriichtegen. Héijer Gewalt berechtegt souwuel den Optraghueler wéi och den Optraggiewer, vum Vertrag zeréckzetrieden. Den Optraggiewer huet awer dem Optraghueler Ersaz fir scho getätegt Opwennunge bzw. Leeschtungen zu ginn.
4.2 Als héijer Gewalt si besonnesch unzegesinn:
Zoufall; Aarbechtskonflikter; Krichshandlungen; Biergerkrich; Antrëtt vun onvirauszegesinne Hënnernësser, déi noweislech d'Méiglechkeet vum Optraghueler, den Optrag wéi ausgemaach z'erleedegen, entscheedend beanträchtegen.
5. Haftung fir Mängel (Garantie)
5.1 Sämtlech Plainte wéint der Qualitéit vun der Iwwersetzung si bannent véier Wochen nach Liwwerung (Iwwergaf un d'Post) der Iwwersetzung gëlteg ze maachen. Mängel musse vom Optraggiewer an hiräichender Form schrëftlech definéiert a nogewise ginn.
5.2 Zur Mängelbesäitegung huet den Optraggiewer dem Optraghueler eng ugemoosse Frist dat nozehuelen an d'Geleeënheet dozou ze garantéieren. Verweigert en dat, sou ass den Optraghueler vun der Mängelhaftung befreit. Ginn d'Mängel bannent der ugemoossener Frist vom Optraghueler behuewen, sou huet den Optraggiewer keen Usproch op Präisreduktioun.
5.3 Wann den Optraghueler déi ugemoossen Nofrist versträiche loossen, ouni d'Mängel ze behiewen, kann den Optraggiewer vum Vertrag zerécktrieden oder Erofsetzung vun der Remuneratioun (Reduktioun) verlaangen. Bei onwiesentleche Mängel besteet weder e Récktrëtts- nach e Reduktiounsrecht.
5.4 Garantiesanspréch berechtegen den Optraggiewer net zur Zeréckhaltung vun ausgemaachte Bezuelungen oder zur Oprechnung.
5.5 Fir Iwwersetzungen, déi fir Dréckwierker verwennt ginn, besteet eng Haftung fir Mängel nëmmen dann, wann den Optraggiewer a sengem Optrag ausdrécklech schrëftlech bekanntgëtt, datt e beofsiichtegt, den Text ze verëffentlechen a wann dem Optraghueler Korrekturfändele virgeluecht ginn (Auteusrskorrektur) bis inklusiv där Faassung vum Text, no där kengerlee Ännerunge méi virgeholl ginn. An dësem Fall ass dem Optraghueler en ugemoossene Käschtenersaz fir d'Korrektur bzw. ee vum Optraghueler a Rechnung ze stellende ugemoossent Stonnenhonorar ze bezuelen.
5.6 Fir d'Iwwersetzung vu schwéier liesbaren, onlieserleche bzw. onverständleche Virlage besteet kengerlee Mängelhaftung. Dëst gëllt och fir Iwwerpréiwunge vun Iwwersetzunge geméiss Punkt 2.9 a 5.5.
5.7 Stilistesch Verbesserunge bzw. Ofstëmmunge vu spezifeschen Terminologien (besonnesch vu branchen- bzw. firmeneegene Begrëffer) etc. ginn net als Iwwersetzungsmängel unerkannt.
5.8 Fir Optragsspezifesch Ofkierzungen, déi vum Optraggiewer bei Optragserdeelung net angi bzw. erkläert goufen, besteet kengerlee Mängelhaftung.
5.9 Fir déi richteg Reproduktioun vun Nimm an Uschrëfte bei Virlagen, déi net a laténgescher Schrëft gehale sinn, iwwerhëllt den Optraghueler kengerlee Haftung. A sou Fäll gëtt dem Optraggiewer empfuel, d'Schreifweis vun Nimm an Eegebezeechnungen op engem gesonnerte Blat a laténgescher Blockschrëft vorzehuelen. Dëst gëllt och fir unlieserlech Nimm an Zuelen a Geburtsdokumenter oder aneren Dokumenter.
5.10 D'Zuelereproduktioun erfollegt nëmmen nom Manuskript. Fir d'Ëmrechnung vun Zuelen, Moossen, Währungen an dergläiche gëtt keng Haftung iwwerholl.
5.11 Fir vum Optraggiewer beigestallt Manuskripter, Originaler an dergläichen haft den Optraghueler, souwäit dës net mat der Liwwerung dem Optraggiewer zeréckgi ginn, als Depositär am Sënn vum Allgemenge Biergerleche Gesetzbuch fir d'Dauer vu véier Wochen no Fäerdegstellung vum Optrag.
Eng Pflicht zur Versécherung besteet net. Fir de Remboursement gëllt Punkt 3.5 sënngeméiss.
5.12 Fir d'Bereetstellung vun Iwwersetzer an Dolmetschere gëtt kengerlee Haftung iwwerholl, ausgeholl fir bei der Auswiel virsätzlech oder graff fahrlässeg verursaachte Schied.
5.13 Fir Revisiounsleeschtunge geméiss Punkt 2.9 gëtt keng Haftung iwwerholl, wann den Ausgangstext net zur Verfügung gestallt gëtt.
5.14 Bei Iwwermittlung vun Iwwersetzungen mëttels Datentransfer (wéi E‑Mail, Modem asw.) besteet keng Haftung vum Optraghueler fir dobäi entstane Mängel a Beanträchtegungen (wéi Virusiwwerdroungen, Verletzung vun de Geheimhaltungspflichten), souwäit kee grafft Verscholde vum Optraghueler virläit.
6. Schuedensersaz
6.1 All Schuedensersazuspréch géint den Optraghueler sinn, souwäit net gesetzlech anescht zwéngend virgeschriwwen, mat der Héicht vum Rechnungsbetrag (netto) begrenzt. Ausgeholl vun dëser Beschränkung vum Schuedensersaz si Fäll, an deenen de Schued graff fahrlässeg oder virsätzlech verursaacht gouf. Eng Haftung fir entgaangene Gewënn oder Follegeschied besteet net.
6.2 Huet den Optraghueler eng Haftpflichtversécherung fir Verméigensschied ofgeschloss, sou si Schuedensersazuspréch mat der Héicht vum Betrag begrenzt, deen d'Versécherung am konkrete Fall ersetzt.
7. Urhiewerrecht
7.1 Den Optraghueler ass net verpflicht ze préiwen, ob dem Optraggiewer d'Recht zousteet, d'Ausgangstexter z'iwwersetze bzw. iwwersetzen ze loossen, ass awer berechtegt unzehuelen, datt dem Optraggiewer all déi Rechter Drëtte géigeniwwer zoustinn, déi fir d'Ausféierung vum Optrag erfuerderlech sinn. Den Optraggiewer séchert ausdrécklech zou, datt en iwwer dës Rechter verfügt.
7.2 Bei urhiewerrechtlech geschützten Iwwersetzungen huet den Optraggiewer de Verwendungszweck unzeginn. Den Optraggiewer erwerbt nëmmen déi Rechter, déi dem uginne Verwendungszweck vun der Iwwersetzung entspriechen.
7.3 Den Optraggiewer ass verpflicht, dem Optraghueler géigeniwwer vun allen Uspréch, déi vun drëtte Persounen aus Verletzunge vun Urhiewerrechter, Leeschtungsschutzrechter, anere gewerbleche Schutzrechter oder Persénlechkeetsschutzrechter erhuewe ginn, schuedlos ze halen. Dëst gëllt och dann, wann den Optraggiewer kee Verwendungszweck ugëtt bzw. d'Iwwersetzung zu anere wéi den uginnen Zwecker verwennt. Den Optraghueler muss sou Uspréch dem Optraggiewer onverzüglech mellen an him bei geriichtlecher Revendikatioun de Sträit verkënnegen. Trëtt den Optraggiewer op d'Sträitverkënnegung hin net als Sträitgenoss vum Optraghueler dem Prozess bäi, sou ass der Optraghueler berechtegt, den Usproch vum Kläger unzerkennen a sech beim Optraggiewer ouni Récksiicht op d'Rechtméissegkeet vum anerkannten Usproch schuedlos ze halen.
7.4 Geméiss § 23 vum BGBl. Nr. 111/1936 ass d’Uerhiewerrecht vun der Iwwersetzung a kengster Weis op den Optraggiewer iwwerdrobar.
7.5 Bei der Verwäertung vun der Iwwersetzung kann den Iwwersetzungsbüro, souwäit näischt anescht nichts anderes ausgemaach gouf, verlaangen, als Urhiewer vun der Iwwersetzung genannt ze ginn. D'Nennung huet déi vollstänneg Bezeechnung "Translating-IT / Wien" z'enthalen.
8. Bezuelung an Notzungsrecht
8.1 D'Bezuelung huet, souwäit näischt anescht ausgemaach gouf, bei Ausfollegung vun der Iwwersetzung boer z'erfollege bzw. onmëttelbar nom Zougoe vun der Liwwerung.
Den Optraghueler ass berechtegt, eng ugemoossen Akontobezuelung ze verlaangen. Vu Privatpersounen an auslänneschen Optraggiewer kann d'Virausbezuelung vun der vollstänneger Optragszomm gefuerdert ginn. Ass Ofhuelung ausgemaach a gëtt d'Iwwersetzung vum Optraggiewer net zäitgerecht ofgeholl, sou trëtt mam Dat vun der Bereetstellung vun der Iwwersetzung zur Ofhuelung d'Bezuelungspflicht vum Optraggiewer an.
8.2 Trëtt Bezuelungsverzuch an, sou ass den Optraghueler berechtegt, bäigestallt Optragsënnerlagen (z. B. z'iwwersetzend Manuskripter) zeréckzebehalen. Bei Bezuelungsverzuch ginn, geméiss der Riichtlinn 2000/35/EG vum Europäische Parlament an dem Rot vum 29. Juni 2000 zur Bekämpfung vu Bezuelungsverzuch am Geschäftsverkéier, Verzuchszënsen an der Héicht vu 7 % iwwer deem vun der EZB verëffentlechten Zënssaz urgerechent.
8.3 Bei Netanhale vun den tëscht dem Optraggiewer an Optraghueler ausgemaache Bezuelungsbedéngungen ass den Optraghueler berechtegt, d'Aarbecht an de bei him leienden Optreeg sou laang anzestellen, bis den Optraggiewer senge Bezuelungsverpflichtungen nokënnt. Dëst gëllt och fir Optreeg, bei deenen eng fix Liwwerzäit ausgemaach gouf (kuck Punkt 3.1). Ass de Wäert vun der Bezuelungsverpflichtung géigeniwwer dem Wäert vun der Ënnerlag krass ënnergewiichteg, sou ass eng Réckbehalung nëmme bis zum Wäert vun der Bezuelungsverpflichtung méiglech.
Duerch d'Astelle vun der Aarbecht erwuessen engersäits dem Optraggiewer kengerlee Rechtsuspréch, anerersäits gëtt den Optraghueler a senge Rechter a kenger Weis präjudizéiert.
8.4 Sämtlich Notzungsrechter verbleiwe bis zur vollstänneger Bezuelung beim Optragnehmer. Den Optragnehmer huet geméiss BGBl. Nr. 111/1936 kee Recht, d'Übersetzung ze vervillfältegen an ze verbreeden, wann net déi entspriechend Notzungsrechter iwwerdroe goufen, a bei Zuwidderhandlung geméiss BGBl. Nr. 111/1936 § 81 op Schuedenersaz geklot ginn.
9. Diskretiounspflicht
Den Optraghueler ass zur Diskretioun verpflicht. En huet dofir ze suergen, datt vun him Beopdroter sech zur Diskretioun verpflichten. Fir d'Netanhale vun dëser Verpflichtung duerch de Beopdrtoten haft den Optraghueler net, ausgeholl bei graffem Verscholde bei der Auswiel vum Beopdroten.
10. Gerichtsstand
Erfëllungsuert fir all Vertragsverhältnesser, déi dëse Geschäftsbedéngungen ënnerleien, ass de Geschäftssëtz vum Optraghueler. D'saachlech zustännegt Geriicht ass zu Wien. Fir Rechtsstreidegkeeten iwwer d'Bestoen oder Netbestoe vun esou engem Rechtsverhältnes a fir Rechtsstreitdegkeeten aus esou Vertragsverhältnesser ass fir Kloe vum Optraghueler no Wiel vum Optraghueler de Geriichtsstand Wien oder den allgemenge Geriichtsstand vum Optraggiewer. Et gëllt éisterreichescht Recht als ausgemaach.
11. Verbëndlechkeete vum Vertrag
De Vertrag bleift och bei rechtlecher Onwierksamkeet vun eenzelne Punkten a sengen iwwregen Deeler verbindlech.