Logo Translating-IT

DeutschDE
FrançaisFR
LëtzebuergeschLU




Informatiounen zu Cookien:

Mat der Notzung vun eisen Déngschter erkläert Dir Iech domat averstanen, datt mir Cookië benotzen. Dës späicheren nëmmen Är Sproochastellungen, dës Zoustëmmung fir Cookien fir den nächste Besuch (permanent) an d'Sëtzungs-ID (temporär), fir de Fall, datt Dir e Kont bei eis erstellt, awer keng perséinlech oder Noverfollegungsdaten.

Fir dës Informatiounen iwwer Cookië permanent auszeblennen, klickt op OK.








Dateschutzgrondveruerdnung (DSGVU)

De Schutz vun Äre perséinlechen Daten ass eis e wichtegt Uleies. Mir verschaffen a späicheren Är Daten dohier ausschliisslech op Grondlag vun de gesetzleche Bestëmmungen (DSGVU, TKG 2003). An dësen Dateschutzinformatiounen informéiere mir Iech iwwer déi wichtegst Aspekter vun der Dateveraarbechtung am Kader vun eisem Website.

Weidergab vun Daten

Fir all Parteien, déi mat eis Kontakt hunn, gëllt, dass mir keng Daten un Drëtt weiderginn, ausser wann dëst vum Gesetz oder zoustännegen Agencë virgeschriwwen oder fir d'Vertragserfëllung erfuerderlech ass.

Kontakt mat eis

Wann Dir per Formulaire um Website oder per E-Mail Kontakt mat eis ophuelt, ginn Är uginn Date fir d'Beaarbechtung vun der Ufro a fir de Fall vun Uschlussfroe sechs Méint bei eis gespäichert. Dës Daten gi mir net ouni Är Awëllegung weider.

Liwweranten/Fräiberuffler

Mir notzen déi vun Iech an eis Datebank aginn Daten ausschliisslech fir intern Zwecker, d'Date gi verschlësselt op eisem Entrepriseserver gespäichert an zu kengem Zäitpunkt ouni Äert Averständnes un Drëtt weiderginn. D'Date ginn ausschliisslech genotzt, fir Iech Opträg entspriechend Ären Ugaben unzebidden an dës ggf. duerchzeféieren oder fir Iech iwwer relevant Neierungen a Bezuch op eist Portal z'informéieren.

Plaze-/Praktikumbewerber

Mir notzen déi an de Bewerbungsformulairen a Liewensleef enthale persounenbezunn Daten, déi Dir eis zur Verfügung stellt, fir Är Eegnung fir déi verfügbar Plazen, och am Zesummenhang mat engem potenzielle Praktikumsprogramm, ze bewäerten. D'Veraarbechtung baséiert op dem berechtegten Interessi vun der Erbréngung vun Déngschtleeschtungen entspriechend eisem Tätegkeetsfeld. Är Ënnerlage ginn entsprechend de vom Gesetz festgeluechte Friste gespäichert.

Cookien

Eise Website benotzt esougenannt Cookien. Dobäi handelt et sech ëm kleng Textdateien, déi mat Hëllef vum Browser op Ärem Ennapparat ofgeluecht ginn. Se riichte kee Schued un.
Mir notze Cookien dozou, eis Offer notzerfrëndlech ze gestalten. E puer Cookië bleiwen op Ärem Ennapparat gespäichert, bis Dir se läscht. Se erméiglechen es et, Äre Browser beim nächste Besuch erëm z'erkennen.
Wann Dir dat net wënscht, da kënnt Dir Äre Browser esou ariichten, dass en Iech iwwer d'Setze vun Cookien informéiert an Dir dëst nëmmen am Eenzelfall erlaabt.
Bei der Desaktivéierung vu Cookië kann d'Funktionalitéit vun eisem Website ageschränkt sinn.

Webanalys

Mir analyséieren eis Besucherdate selwer, ouni op d’Servicer vun Drëtten zouzegräifen

D'Dateveraarbechtung erfollegt op Basis vun de gesetzleche Bestëmmunge vum § 96 Abs. 3 TKG esouwéi vum Art. 6 Abs. 1 lit. a (Awëllegung) an/oder f (berechtegten Interessi) vun der DSGVU. Eist Uleies am Sënn vun der DSGVU (berechtegten Interessi) ass d'Verbesserung vun eiser Offer an eisem Weboptrëtt. Well eis d'Privatsphär vun eisen Notzer wichteg ass, ginn d'Notzerdate pseudonymiséiert. D'Notzerdate gi fir d'Dauer vu 6 Méint opbewuert.

Är Rechter

Iech sti grondsätzlech d'Rechter op Auskonft, Berichtegung, Läschung, Aschränkung, Dateniwwerdrobarkeet, Widderruff a Widdersproch zou. Wann Dir der Meenung sidd, dass d'Veraarbechtung vun Ären Date géint d'Datenschutzrecht verstéisst oder Är dateschutzrechtlech Uspréch soss an enger Weis verletzt gi sinn, kënnt Dir Iech bei der Opsiichtsagence beschwéieren. An Éisterräich ass dëst d'Datenschutzbehörde.

Dir erreecht eis ënner de Kontaktdaten an eisem Impressum.






 

 

Mir sinn ISO-17100:2015-zertifizéiert!Mir sinn ISO-17100:2015-zertifizéiert!