Grammaire: Lëtzebuergesch Äifeler Regel (Eifeler Regel)
Dës Säit déngt der Erklärung vun der lëtzebuergescher "Äifeler Regel" (Eifeler Regel).
D'Äifeler Regel (Eifeler Regel) an der lëtzebuergescher Sprooch ass haaptsächlech eng aussprooch-baséiert Regel, déi an der Grammaire iwwerholl gouf. Dat heescht, datt de finalen 'n' oder 'nn' och bei geschriwwenen Texter ewechfält, wann en net ausgeschwat gëtt. Ob de finalen 'n' oder 'nn' am Lëtzebuergeschen ausgelooss gëtt oder net, hänkt vum Wuert, der Zuel oder dem Zeechen of, dat als nächst kënnt. Déi genee Regelen dozou sinn:
De finalen 'n' oder 'nn' fält net ewech:
- wann dat nächst Wuert mat de Konsonanten 'd', 'h', 'n', 't', 'z' ufänkt (z. B.: den Hond, däin Duch, en Tuerm, den Nol, den Zuch)
- wann dat nächst Wuert mat engem Vokal ufänkt (z. B.: den Owend, däin Apel, en Iesel, den Eemer, den Uhu)
- wann dat nächst Wuert mat engem 'y', gefollegt vun engem Konsonant, ufänkt (z. B.: den Yves, vun Ypres)
- wann als nächst eng Ziffer oder Zuel steet, déi ausgeschriwwen/ausgeschwat mat engem Vokal oder de Konsonanten 'd', 'h', 'n', 't', 'z' ufänkt (z. B.: den 1., mir hunn 20 Joer gefeiert, en 100-Euro-Schäin)
- wann d'Wuert alleng benotzt gëtt oder um Enn vun enger Zeil steet (z. B.: net fëmmen, Moien, Neen)
- wann dat nächst Wuert enger Friemsprooch entleent ass, dat mat engem Konsonant ufänkt, bei deem d'Aussprooch vum éischte Buschtaf wéi z. B.: 'ts', 'tsch', 'dj' oder wéi e Vokal (dacks bei Akronymen) kléngt, well soss de Sproochfloss ënnerbrach géif (z. B.: den James Bond, den SMS-Ubidder, den Check-in)
- viru sämtlechen Interpunktiouns- oder Sonnerzeechen (z. B.: Neen, Du solls ophalen! Mir koumen (wéi ëmmer) ze spéit un.)
- bei e puer Ausnamen (z. B.: de Mann huet, eng Studentin kann dat, et gëtt genuch Grënn fir dat Thema)
- wann de finalen 'n' oder 'n' deel vun engem Numm (Marken, Virnumm, Familljennumm, Länner, asw.) ass (z. B.: den Här Bemtgen kënnt, Spuenien kann net verléieren, den Alain Atten wéisst dat, Avon verkeeft) oder e Wuert/eng Wuertgrupp als definéierten Numm benotzt gëtt (z. B.: klickt op 'Alles verkafen' fir … (woubäi 'Alles verkafen' als Numm vun engem Knäppchen ze gesinn ass))
Wann dat neit Wuert ouni finalen 'n' oder 'nn' mat engem anere Wuert verwiesselt ka ginn, dat mat engem 'e' ophält, gëtt den 'e' an en 'ë' ëmgewandelt. (z. B.: Avenuen -> Avenuë, Chancen -> Chancë, Revuen -> Revuë)
- wann dat nächst Wuert mat engem Konsonant, ausser 'd', 'h', 'n', 't', 'z' ufänkt (z. B.: de Kanner, kee Su)
- wann dat nächst Wuert mat engem 'y', gefollegt vun engem Vokal, ufänkt (z. B.: de Yan, de Yogi)
- wann als nächst eng Ziffer oder Zuel steet, déi ausgeschriwwen/ausgeschwat mat engem Konsonant - ausser de Buschtawen 'd', 'h', 'n', 't', 'z' - ufänkt (z. B.: de 5., mir hu 60 Joer gefeiert, e 700-Euro-Gutschäin)
- wann dat nächst Wuert enger Friemsprooch entleent ass, dat mat engem Vokal ufänkt, bei deem d'Aussprooch vum éischte Buschtaf wéi e Konsonant kléngt (z. B.: de One-Night-Stand, de OneNote-Fichier, de OneCare-Programm)
De finalen 'n' oder 'nn' fält ewech:
D'Äifeler Regel trëfft och zou bei zesummegesate Wierder, an déi uewe genannt Regele gi geneesou applizéiert. (z. B.: zesummen + setzen = zesummesetzen, zwëschen + Fall = Zwëschefall , Dammen + Schong = Dammeschong)
Virun de Wierder 'si', 'se', 'sech', 'säin', 'seng', 'sou' kann de finalen 'n' oder 'nn' och dru bleiwen. (z. B.: mir hunn se fonnt) Fir awer net zevill duercherneen ze kommen, rode mir, sech hei un d'Regel ze halen, datt de finalen 'n' oder 'nn' virun engem 's' (Konsonant) ewechfält. (z. B.: mir hu se fonnt)