Logo Translating-IT

DeutschDE
FrançaisFR
LëtzebuergeschLU




Informatiounen zu Cookien:

Mat der Notzung vun eisen Déngschter erkläert Dir Iech domat averstanen, datt mir Cookië benotzen. Dës späicheren nëmmen Är Sproochastellungen, dës Zoustëmmung fir Cookien fir den nächste Besuch (permanent) an d'Sëtzungs-ID (temporär), fir de Fall, datt Dir e Kont bei eis erstellt, awer keng perséinlech oder Noverfollegungsdaten.

Fir dës Informatiounen iwwer Cookië permanent auszeblennen, klickt op OK.








Äifeler Regel (Eifeler Regel) Online-Korrekteur (Lëtzebuergesch)

Dëse Programm déngt der automatescher Verbesserung vun der lëtzebuergescher "Äifeler Regel" (Eifeler Regel).

Fir e lëtzebuergeschen Text ze korrigéieren, kopéiert w. e. g. den entspriechende lëtzebuergeschen Text an d'Feld hei ënnen a klickt op "Korrigéieren". De korrigéierten Text erschéngt am Textfeld an déi korrigéiert Plaze si faarflech ervirgehuewen. Wann Dir mat der Maus iwwert e sou e Wuert fuert, kritt Dir déi entspriechend Regel erkläert. Äifeler-Regel-Feeler sinn orange, Grammairesfeeler rout a Rechtschreiffeeler blo ervirgehuewen an ënnerstrach.

Dëse Programm korrigéiert déi lëtzebuergesch Äifeler Regel (Eifeler Regel) vollstänneg an ëmfaasst all Regelen an Ausname vun der Äifeler Regel (Eifeler Regel). Grammaires- a Rechtschreiffeeler ginn den Ament nëmmen zum Deel erkannt a korrigéiert, well se nach programméiert ginn. (De Programm ass nach am Teststadium, an d'Datebank vum Vokabulaire fir Lëtzebuergesch ëmfaasst méiglecherweis nach net all lëtzebuergesch Wierder, dowéinst gi méiglecherweis nach net all Feeler erkannt.)