Logo Translating-IT

DeutschDE
FrançaisFR
LëtzebuergeschLU




Informatiounen zu Cookien:

Mat der Notzung vun eisen Déngschter erkläert Dir Iech domat averstanen, datt mir Cookië benotzen. Dës späicheren nëmmen Är Sproochastellungen, dës Zoustëmmung fir Cookien fir den nächste Besuch (permanent) an d'Sëtzungs-ID (temporär), fir de Fall, datt Dir e Kont bei eis erstellt, awer keng perséinlech oder Noverfollegungsdaten.

Fir dës Informatiounen iwwer Cookië permanent auszeblennen, klickt op OK.








Iwwersetzung duerch Translating-IT

Bei Translating-IT handelt et sech ëm eng, vun engem Lëtzebuerger gegrënnt, éisträichesch Déngschtleeschtungsentreprise, déi sech zwar op IT (Hardware, Lokaliséierung vu Software oder PC-/Videosspiller) an Technik spezialiséiert, awer och an all aner Fachberäicher Iwwersetzungen a Revisiounen ubitt an dat an alle méigleche Sproochen.

Soumat bidde mir eise Clientë fir hir méisproocheg Projete Léisungen aus enger Hand. De Virdeel fir Iech läit doran, dass Dir nëmmen een Uspriechpartner fir Äre ganze Projet hutt:

Ee Projet, een Team, een Uspriechpartner!

Dir braucht Äre Projet net méi op verschidden Déngschtleeschter ze verdeelen. Dir schwätzt Äre Projet mat engem Uspriechpartner duerch, ëm de Rescht këmmere mir eis intern. Wann de Projet ofgeschloss ass, kritt Dir Är Ënnerlagen an der gewënschter Form geliwwert. Als Ausdrock, CD/DVD oder Datei via Internet.

Translating-IT kann op joerelaang Erfahrung bauen. Qualitéit steet bei eis op éischter Plaz. Just esou kann ee sech op Dauer um Maart behaapten. An dat geléngt eis schon zënter e puer Joer. Eis Zuel zefridde Cliente déi stänneg klëmmt schwätzt fir sech.

Mir schaffen haaptsächlech mat dem Iwwersetzertool TRADOS.

Rufft eis roueg un. Mir schwätzen och Lëtzebuergesch.

Iwwersetzungen

Äre Clienten oder Geschäftspartner verstinn nëmme Chinesesch?

Well mir iwwersetzen Är Dokumenter op Ufro och op Chinesesch

… oder op Englesch, Franséisch, Russesch, Polnesch, Hollännesch, Japanesch, Koreanesch, Spuenesch, Lëtzebuergesch …

Et gëtt kaum eng Sprooch, op déi mir net fir Iech iwwersetze kënne, och seele Sprooche wéi z. B Lëtzebuergesch, Islännesch, oder ähnlech oder sproochlech Variante wéi z. B Éisträichesch oder Schwyzerdütsch bidde mir un. Natierlech iwwersetzen eis Iwwersetzer nëmmen an hir Mammesprooch a sinn op bestëmmte Gebidder spezialiséiert. Sou wäert z. B en Iwwersetzer fir juristesch Texter keng Dokumenter aus dem Maschinnebau iwwersetzen oder een, dee sech a Medezin auskennt, keng Texter aus der Elektrotechnik beaarbechten. Nëmme mat héichqualifizéierte Fachleit sinn ons Qualitéitsuspréch ze erreechen.

 

Mir sinn ISO-17100:2015-zertifizéiert!Mir sinn ISO-17100:2015-zertifizéiert!