Logo Translating-IT

DeutschDE
FrançaisFR
LëtzebuergeschLU




Informatiounen zu Cookien:

Mat der Notzung vun eisen Déngschter erkläert Dir Iech domat averstanen, datt mir Cookië benotzen. Dës späicheren nëmmen Är Sproochastellungen, dës Zoustëmmung fir Cookien fir den nächste Besuch (permanent) an d'Sëtzungs-ID (temporär), fir de Fall, datt Dir e Kont bei eis erstellt, awer keng perséinlech oder Noverfollegungsdaten.

Fir dës Informatiounen iwwer Cookië permanent auszeblennen, klickt op OK.








ISO17100:2015-05-01



Mir sinn zanter dem 19.Januar 2023 „ISO17100:2015“-zertifizéiert! Klickt hei, fir eng Kopie vun eiser Zertifizéierung ofzeruffen.

Well dës ISO-Zertifizéierung vum Pascal Zotto, dem Grënner a Firmeninhaber vun Translating-IT zanter 2004 an eisem eenzege firmeneegene Lëtzebuergesch-, Däitsch(fir Däitschland (de-de) a Lëtzebuerg (de-lu))- a Franséisch(fir Frankräich (fr-fr) a Lëtzebuerg (fr-lu))-Sproochwëssenschaftler, ‑Iwwersetzer a ‑Revisor selwer erlaangt gouf, kënne mir elo „ISO17100:2015“-zertifizéiert Iwwersetzungen a Revisiounen direkt vum weltwäit eenzegen „ISO17100:2015“-zertifizéierte Lëtzebuergeschiwwersetzer und ‑revisor ubidden.



ISO9001



Mir sinn NET „ISO9001“-zertifizéiert, plangen awer, dës Zertifizéierung an den nächste Joren ze erlaangen.



DIN5008:2020-03



Bei all eisen däitschen, éisträicheschen a lëtzebuergeschen Iwwersetzunge befollege mir d’DIN-Norm DIN5008:2020-03. Dës Norm fir d’Gestaltung a Formatéierung vun Texter an Zuele gëtt vun Entreprisen, Organisatiounen a Verwaltungen am däitschsproochege Raum agesat a garantéiert méi eenheetlech a méi liicht liesbar Texter, well zum Beispill Zeilenëmbrëch matten an Telefonsnummeren, tëschent Zuel a Moosseenheet an aneren zesummegehéierenden Textdeeler asw. verhënnert ginn. D’DIN5008:2020-03 gouf vun Industrie a Duden gemeinsam entwéckelt a stellt esoumat kee Widdersproch zur däitscher Grammaire duer, mä ergänzt dës. Dës Norm gëllt och fir Lëtzebuergesch, well d’Lëtzebuergesch Rechtschreiwung fir déi net anescht definéiert Punkten op déi däitsch Rechtschreiwung a Formatéierungsreegele verweist. (Kuckt Arrêté ministériel vum 10.Oktober 1975 a Règlement grand-ducal vum 30.Juli 1999)



ÖNORMA1080



Bei all eisen éisträicheschen Iwwersetzunge befollege mir d’Ö‑Norm ÖNORMA1080. Dës Norm fir d’Gestaltung a Formatéierung vun Texter an Zuele gëtt vun Entreprisen, Organisatiounen a Verwaltungen an Éisträich agesat a garantéiert méi eenheetlech a méi liicht liesbar Texter, well zum Beispill Zeilenëmbrëch matten an Telefonsnummeren, tëschent Zuel a Moosseenheet an aneren zesummegehéierenden Textdeeler asw. verhënnert ginn. ÖNORMA1080 gouf am Mee2018 offiziell zuréckgezunn, bitt awer ëmmer nach eng gutt Basis fir éisträichescht Texter. Fir all aner Punkte befollege mir den däitsche Standard DIN5008:2020-03.



Grammaire



Okay, mir ginn zou, Grammaire ass kee Standard u sech, awer se ass dat offiziellt Reegelwierk fir korrekt Schreiwen a jiddwer Sprooch, dohier befollege mir se ganz genee. D’Netbefollege vun der Grammatik, esouguer aus Marketing- oder CI-Grënn, kann zu héije Schuedensfuerderungen duerch Clienten an Enncliente géint d’Entreprise féieren, dat feelerhaft Produktreklammen, ‑beschreiwungen oder ‑handbicher an Ëmlaf bréngt. Aus weltwäite Geriichtsurteeler wëssen mir, datt schon e feelende Komma zu engem Schued a Milliounenhéicht féiere kann. Virun allem an Europa, awer och an aneren Deeler vun der Welt, urteele Riichteren am Zweiwelsfall fir den (Enn-)Client. Dofir stufe si d’Grammaire zu gëllendem Recht erop (falls se net schonn am Gesetz verankert ass, wéi zum Beispill zu Lëtzebuerg; an Éisträich ginn zanter 2022 Deeler vun den ëffentleche Fërdermëttel fir Zeitungen a Medië per Gesetz un d’Feeler- a Qualitéitsmanagement gebonnen− dat kann och séier op aner Beräicher ausgewäit ginn; an d’EU zitt reegelméisseg Produkter mat feelerhafte Produktbeschreiwungen aus dem Verkéier) a kucke sech un, wat d’Entreprise tatsächlech geschriwwen huet, an net, wat d’Entreprise kommunizéiere wollt.



 

 

Mir sinn ISO-17100:2015-zertifizéiert!Mir sinn ISO-17100:2015-zertifizéiert!